Kommt mat Ären Ufuerderungen an Äre Contrainten. Mir konzipéieren zesummen Äre Projet, andeem mir alles ophuelen, wat aus Ärem Gebai eng effikass a flott Plaz mécht.
Eis Fabrick preparéiert all d’Modüllen, wärend eis Partner sech ëm d’Fondatiounen an d’Uschlëss këmmeren.
Baut en Hotel, en Appartementshaus oder en Altersheem, wou et sech gutt lieft.
De Modulaire vun haut gesäit (Gott sei Dank) net méi aus wéi de Prefabriqué vun deemools.
Stellt Är Volumë fräi zesummen a wielt ënner engem grousse Choix u Bausseverkleedungen.
Mir proposéieren Iech eng effikass akustesch Basisléisung bei der Isolatioun, awer et ass och méiglech se op den héchsten Niveau ze hiewen dank spezifesche Chassisen a Materialer.
D’Isolatioun, d’Heizung, alles ass ausgeriicht, fir en nidderegen Energieverbrauch ze garantéieren. Déi modular Konstruktioun ass ganz an der Modernitéit ënnerwee.
Alles passt op de Millimeter no de Pläng. D’Kichen, de Sanitär, d´Dressingen an aner Stauraim gi mam Gebai geliwwert.
Wann Äre Bedarf u Raum just iwwergangsméisseg, kuerz- oder mëttelfristeg ass, hu mir zwou Léisungen, déi sech als méi wéi ekonomesch erweisen: d’Locatioun oder d’Weiderbenotzung. A béide Fäll personaliséiere mir Är Modülle genee esou wéi Dir se braucht.
Degotte huet d’Capacitéiten fir op den ëffentleche Marché op Gemengen-, Provënz-, Regional- oder federalem Niveau ze reagéieren.
Degotte sa
Z.I. Hauts Sarts, Rue de Hermée 246, B-4040 Herstal
+32 (0)4 240 05 25
sales@degotte.com
Degotte sarl
439, ZAE Wolser F
L-3290 Bettembourg
+352 26 59 56 951
sales@degotte.com
D’Büroe sinn op vu méindes bis freides vun 8 Auer bis 17 Auer.
© 2022 Degotte | Allgemeng Bedéngungen | Privatsphär | Allgemeng Verkafs- a Locatiounsbedéngungen |