04 240 05 25

Weiderbenotzung vun de Modüllen

Mir hu se gebaut, si kënnen nach emol déngen

Dëst gehéiert zu hirer Konzeptioun.

All Modüllen, déi aus der Degotte-Fabrick erauskommen, si flexibel a bestänneg.

Si kënnen aus- an erëm agebaut ginn, ouni hir Qualitéit ze verléieren.

Dat ass Kreeslafwirtschaft.

D’Virdeeler vun der Weiderbenotzung

Schnellegkeet

Andeem Dir Iech fir e weiderbenotzte Modüll entscheet, profitéiert Dir vum direkt verfügbare Stock.

Käschten

Déi weiderbenotzt Modülle sinn natierlech méi ekonomesch ewéi neier.

Ëmwelt

Dir huelt un der Kreeslafwirtschaft deel a reduzéiert de Verbrauch vun de Ressourcen.

Personaliséierung

Als Optioun kann Äre weiderbenotzte Modüll personaliséiert ginn, genee ewéi en neien: d’Biedem, d’Plafongen, d’Verkleedungen, d’Trennwänn, d’Ëffnungen, d’Ariichtungen … alles kann no Ärem Goût gestalt ginn.

Wat ass e weiderbenotzte Modüll?

Eng Standardbasis

Verschidde Moossen a Finitiounen zur Auswiel am Stock

Mat engem erweiderte Personaliséierungspotenzial (als Optioun)

Ännerungen ewéi d’Bäifüge vun Trenwänn, d’Ännerung vu Verkleedungen oder d’Realiséiere vu Bannenariichtunge si méiglech als Optioun. Awer dat ass net alles. Dir kënnt och den Duerchbroch fir nei Ëffnungen oder d’Vergréisserung vun existente Buchte froen. D’Steifegkeet vun der interner Struktur als Bou erlaabt vill Ännerungen.

Minimalausstattung

Buedembelag
Bausseverkleedung
Duebel Verglasung
Beliichtung
Steckeren

Frot eng Iwwersiicht vun de verfügbare Modüllen

En technesch-geschäftleche Beroder mellt sech bei Iech mat der Lëscht vun de verfügbare Modüllen.
Dir kënnt Iech da fir de Kaf oder d’Locatioun (minimum 1 Joer) entscheeden.

E weiderbenotzte Modüll auswielen, dat ass gutt!

Net nëmmen ass et intelligent fir d’Erspuernes an den Zäitgewënn, mee Dir huelt och un der Kreeslafwirtschaft deel.

Andeem Dir engem Modüll en neit Liewe schenkt, spuert Dir natierlech Ressourcen an Dir vermeit Offäll. Fir all Modül lass dat eng Erspuernes vu(n) XX kg CO2.

Nos modules disponibles

Tout ce que vous devez savoir sur la construction modulaire

Entdeckt eis Moduler