04 240 05 25

E sterilt a spezialiséiert Ëmfeld

Empfänkt Är Patiente séier an enger Infrastruktur, déi sech Äre Bedierfnesser upasst. Frot eng Offer. Se ass gratis !

Virgoen

Konzipéiere vun Ärem Projet

Kommt mat Ären Ufuerderungen an Äre Contrainten. Mir konzipéieren zesummen Äre Projet, andeem mir alles ophuelen, wat aus Ärem Gebai eng effikassa gesond Plaz mécht.

Mir bauen Är Lokaler

Eis Fabrick preparéiert all d’Modüllen, wärend eis Partner sech ëm d’Fondatiounen an d’Uschlëss këmmeren.

Empfänkt Är Patienten

D’Gebai ass séier installéiert. Dir braucht nëmmen nach d’Dieren opzemaachen an dat ze maachen, wat Dir am beschte kënnt.

Inspiratioun

Eng Konstruktiounsléisung, déi am Spidolsmilieu ganz geschätzt ass

Maacht nei Zëmmeren op, en Dialyse-Zenter oder e ganzt Spidol, ugepasst un Är Bedierfnesser an déi vun Äre Patienten, mat engem Minimum u Baustell.

Eng Bannemodularitéit ugepasst un de Spidolsmilieu

Déi modular Konstruktioun erliichtert d’Moosse vun de Gäng an de Liften. Et ass och ganz einfach, grouss Empfangs- an Zirkulatiounsraim ze schafen.

Gënschteg fir schwéier, medezintechnesch Apparater

D’Installatioun vu Rëntgen- a Scanner-Säll brauch e puer geleefeg Upassungen ewéi d’Ofschierme vun den Trennwänn an den Diere mat Bläi.

Hygiène a Sécherheet garantéiert

Eist Gebai respektéiert déi strengsten Norme vum Spidolsbau mat ugepasstem Material fir den ambulanten, chirurgeschen, oder radiologesche Gebrauch esou wéi all erfuerderlech Sécherheetssytstemer.

Eng Baustell 7 Mol méi séier

Dat Wesentlecht vun den Aarbechte gëtt an der Fabrick erleedegt. Reduzéiert op bedeitend Manéier den Derangement an de Kaméidi fir Är Patienten an erlaabt Iech, séier nei Servicer opzemaachen.

Ariichtungsméiglechkeeten

  • Receptioun
  • Zëmmeren
  • OP-Bléck
  • Sport- a Reeducatiounssäll
  • Scanner
  • Rëntgen
  • Büroen
  • Waardesäll
  • Sanitär
  • Kichen

Temporaire Bedarf?

Wann Äre Bedarf u Raum just iwwergangsméisseg, kuerz- oder mëttelfristeg ass, hu mir zwou Léisungen, déi sech als méi wéi ekonomesch erweisen: d’Locatioun oder d’Weiderbenotzung. A béide Fäll personaliséiere mir Är Modülle genee esou wéi Dir se braucht.

Ëffentleche Marché

Degotte huet d’Capacitéiten fir op den ëffentleche Marché op Gemengen-, Provënz-, Regional- oder federalem Niveau ze reagéieren.

Aggregatiounen

Klass 6, Kategorie D

Projetsgalerie

Entdeckt eis Méiglechkeeten

CHC Montlégia

CRP Les Marronniers

Pôle Santé Tumulus

Clinique des Frères Alexiens

Clinique André Renard

CPAS Namur-Wépion